De Schmelzaarbechter

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü:

Besucherzaehler
D'Ziel vun der Amicale Schëfflenger Kolonien besteet doran, dofir ze suergen dass déi Aarbechter, déi am meeschtem zum Wuelstand an dem Räichtum vun eisem Land bäigedroen hunn, vollwäerteg unerkannt ginn an dass hiert Undenken bei alle Generatiounen erhalen bleift.

Aus dësem Gronn huet si 2002 hiert Buch, "d'Schëfflenger Kolonien,hir Geschicht an hier Leit" eraus ginn, an 2004 um Bënn, direkt niewent der Schmelz en Monument zu Éieren an als Erënnerung un d'Schmelzaarbechter ageweit.

Eis Amicale ass der Meenung, dass bei all deem de Mënsch mat senger Vergaangenheet an der Eisenindustrie net däerft vergiess ginn, wann haut esou vill an esou dacks vun Industriekultur rieds geet.


Eis Amicale dréit mat hiren bescheidene Mëttelen jiddefalls dozou bäi, dass d'Schmelzaarbechter déi wierklech verdéngten Unerkennung fanne kënnen.

D'Amicale Schëfflenger Kolonien seet alle Leit, egal op wei eng Manéier se gehollef hunn, zu Éieren vun de Schmelzaarbechter, en groussen

MERCI

Fir déi Leit déi wëllen een Don maachen, déi kennen dat op folgend Konten iwwerweisen

BCEE: Iban LU77 0019 1355 1076 0000

PT:   Iban L35 1111 1952 3268 0000

Villmools Merci fir äert Interessi
 
Copyright 2016. All rights reserved.
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü